Europa Aktuell
"D'EVP ass eis politesch Heemecht"
De President vun der CSV, de Frank Engel hält naischt vum Ultimatum, deen de Manfred Weber der ungarescher Fidesz-Partei gestallt huet. De Spëtzekanidat vun der EVP hat dem Viktor Orban a senger Fidesz-Partei proposéiert, sech fir hir Anti-EU-Kampagne ze entschëllegen an se ze stoppen. Dat géing net duer, seet de Frank Engel, d'Fidesz misst aus der EVP erausgepucht ginn. "Mir wëllen an der EVP bleiwen, dat ass eis politesch Heemecht", seet den Europadeputéierten vun der Fidesz, de György Schöpflin. D'Danièle Weber huet mat béide Säite geschwat.