arrow_back_ios
Klassik aktuell
Visiting the Grande Region
Fir d'Groussregioun musikalesch duerzestelle ginn et vill Méiglechkeeten. Den Orchestre de Chambre du Luxembourg léisst a sengem Concert den nächste Sonndeg (10. Mäerz 2019) an der Philharmonie e Lëtzebuerger Solist, een aus der Groussregioun an e Lëtzebuerger Komponist zu Wuert kommen. De Claude Lenners huet e Wierk fir zwee Perkussioniste geschriwwen, eng Commande vum Kulturministère. Detailer mam Manuel Ribeiro.