Klassik aktuell
Den Nikolai Rimksy-Korsakov
An der Musek schafft hie gäre mat Tiräng a Kategorien, an der Meenung, domadder léisse sech d'Saache méi einfach anuerdnen. Den Nikolai Rimsky-Korsakov stellt ee gären an den national-russeschen Eck, dacks an Oppositioun zum P.I. Tschaikowsky. Dorunner maach e Kär Wourecht sinn, mee, wann e kuckt, wéi wäit dem Komponist säin Afloss als Léiermeeschter vun engem Igor Strawinsky geet, da kritt dat Ganzt eng aner Nues. Den Nikolai Rimsky-Korsakov ass de Komponist vum Mount Mäerz um radio 100,7, an de Luc Boentges wäert jeeweils mëttwochs déi ënnerschiddlech Facettë vum Rimsky-Korsakov a seng Plaz an der Musekgeschicht ënner d'Lupp huelen.