arrow_back_ios
Klassik aktuell
Slawesch Kammermusek
"Et gëtt wéineg Repertoire fir Flütt a Gei, well d'Tessiture vun deenen zwee Instrumenter och no bei enee leien", mengt de Flüttist Carlo Jans. "Musique de chambre slave" iwwerschreift sech e Concert iwwermuer (6.3.2019) am Stater Conservatoire. D'Geiistin Vania Lecuit de Flüttist Carlo Jans an de Pianist Nicolas Marzinotto proposéieren e Programm mat Wierker vu Prokofiev a Martinu.