Commentaire
Kee Brexit ouni Verlängerung vum Artikel 50?
Dat britescht Parlament stëmmt dës Woch awer net iwwer de Brexit Accord of. Dat huet gëschter déi britesch Premier Ministesch Theresa May annoncéiert. D'Deputéiert sollen elo bis den 12. Mäerz waarden, éier si en neie Vott kréien; dat ass da manner wéi dräi Wochen éier Groussbritannien aus der EU soll trieden. Nëmme wéineg Leit gleewen nach drun, datt de Brexit kéint ouni Verlängerung vum Artikel 50 iwwer d'Bühn goen. Wat esou eng Verlängerung géing fir Groussbritannie bedeiten, doriwwer eng Analys aus England vum Martin Schauss.