Geet et dem amerikanesche President Donald Trump no, musse verschidde Länner aus der Europäescher Unioun iwwer 800 Kämpfer zeréckhuelen, déi am Numm vum sougenannten Islamesche Staat gekämpft hunn an a Syrie festgeholl goufen. Am anere Fall géinge si nees fräigelooss, sou den Donald Trump e Sonndeg op Twitter.
Deen Tweet huet gëschter fir eng gewëss Veronsécherung op der Reunioun vun den EU-Ausseministere gesuergt. D'Diskussioun huet gewisen, dat d'EU keng eenheetlech Approche an deem sensibelen Dossier huet. Vu Bréissel d'Danièle Weber.