Europa Aktuell
EU-Parlament gëtt gréng Luucht fir EU-Singapur-Handelsaccord
Dofir ze suergen, datt d'EU méi Handel mam Rescht vun der Welt bedreift, dat ass een Zil vun der Europäescher Kommissioun. Handelsverträg waren awer an der Vergaangenheet net onëmstridden. Allerdéngs schéngt de Wand sech gedréit ze hunn. D'Zäite vun deene grousse Manifestatiounen, wéi nach virun e puer Joer géint ee méiglechen Accord mat den USA oder mat Kanada - kuerz TTIP oder CETA - schéngen eriwwer.
Gëschter huet d'Europaparlament Jo gesot zu engem Handelsaccord mat Singapur. D'Danièle Weber war beim Debat zu Stroossbuerg derbäi.