Klassik aktuell
Beethoven boomt
Mam Beethoven-Fest 2019 gëtt am Hierscht de grousse Jubiläum lancéiert. 2020 feiert Bonn den 250. Gebuertsdag vu sengem bekanntste Bierger, e Bierger, deen d'Stad net ëmmer richteg acceptéiert huet. Am 19. Joerhonnert gouf laang gestridden, éier e Monument fir de Komponist opgeriicht gouf. An den 90er Jore gouf mat der Iddi gespillt, d'Beethoven-Fest ofzeschafen, an aus där geplangter, neier Beethoven-Halle ass no 10 Joer Diskussiounen nach ëmmer näischt ginn. Mee de Ludwig van Beethoven ass zu Bonn net klengzekréien, duerfir suergt och d'Intendantin vum Beethoven-Fest, d'Nike Wagner.