Fräie Mikro

radio 100,7

All Dënschdeg an Donneschdeg kommentéieren verschidden Acteuren aus der Zivilgesellschaft d'Aktualitéit. D'Meenungen déi hei expriméiert ginn, engagéieren nëmmen hir Auteuren. De radio 100.7 huet awer als Editeur d'editorial Responsabilitéit vun dëse Bäiträg.

Hunn Refugiéë Mënscherechter?

An hirem Fräie Mikro beschäftegt sech Danielle Igniti mam Problem vun de Refugiéen, déi géint hire Wëllen an hir d'Land zeréckgeschéckt ginn. Si freet sech, ob déi Reegelen, déi hei applizéiert ginn, de Mënscherechter gerecht ginn?

Rezent Emissiounen

  • Kann ee Patrimoine och héieren oder liesen?

    Nees an nees gëtt sech doriwwer opgereegt, wann en alt Gebai ofgerappt gëtt. Patrimoine nuren op Gebaier ze reduzéieren, ass de Begrëff vill ze enk gesinn.

  • Däerf Kultur eppes kaschten?

    De Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, kënnt zréck op d’Assises culturelles an op de Kënschtler hir finanziell Fuerderungen.

  • EM an "ethnic revival"

    D'Europameeschterschaft a Frankräich: E sportlecht Mega-Evenement, dat eiser Gesellschaft och e Spigel dohin hält.

  • Drëtte Remaniement an der Regierung

    Dëse Schrëtt wäert decisiv si fir d’Zukunft vu verschiddene politesche Carrièren.

  • Brexit - sinn d'Briten eleng Schold?

    D’EU gouf gerëselt duerch d’Resultat vum Referendum a Groussbritannien. Et wier awer falsch, d’Schold eleng de Brexit-Wieler ze ginn.

  • To whom it may concern

    En oppene Bréif un den Nigel Farage a seng Brexit-Matstreider

  • Angscht virum Milliounen-Awunnerstaat

    No der 700.000 Awunnerdebatt ënnert der Ära Juncker geeschtert d'Diskussioun iwwert eis Opnameméiglechkeeten nees a verschiddene Käpp erëm.

  • Vu Moral a Futtball

    Momentan kréien déi eng net Futtball genuch, an déi aner wiere frou, wa gëscht de leschte Match gewiescht wier.

  • Gëtt d'Orlando Attentat en neien 11. September?

    Wat vun all deem, wat mer weltwäit als Nochriichten opgedëscht kréien, kënne mer nach gleewen? 

  • We reclaim our university!

    Eng Klinik amplaz vun enger Uni. Eng Retortestad amplaz vun engem nohaltege Campus.

     

  • Autoritär Stréimungen

    Et besteet d'Gefor, datt déi aktuell autoritär Stréimungen an der internationaler Politik méi staark ginn.

  • D’Situatioun vun de Fraen an der heiteger Tierkei

    Et vergeet kaum en Dag, ouni eng nei Äusserung vum tierkesche President zu senger Opfaassung vun enger richteger tierkescher Famill.

  • Richtegen Ëmgank mat Populisten an Extremisten

    Dat bescht Mëttel géint Populisten an der Politik ass et, op Glafwierdegkeet ze setzen. Scholdzouweisungen ënner gudden Demokraten bréngt näischt.

  • Ëmgank mat frieme Kulturen

    Wéi gi mir mat Leit aus frieme Kulturen, mat anere Reliounen ëm?

  • Wéi een an de Bësch rifft

    Lëtzebuerg huet elo, „toutes proportions gardés“, och eng gréisser Affaire iwwer d’Meenungsfräiheet.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen