Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Lex Delles (DP)

Zoustänneg fir d'Beräicher Mëttelstand an den Tourismus an der neier Regierung ass de Minister Lex Delles.

De jonke Politiker war bei de Chamberwahle viru gutt dräi Méint den Éischt-Gewielten op der DP-Lëscht am Oste ginn.

Wat huet de Lex Delles sech bis 2023 virgeholl? Doriwwer schwätzt de Serge Kesseler mam neie Mëttelstands- an Tourismusminister.

Rezent Emissiounen

  • Romain Martin

    De Vize-Recteur vun der Uni Lëtzebuerg schwätzt iwwer d'Applikatioun vum Universitéitegesetz an d'Rentrée académique.

  • Shari Schenten

    Mat der Presidentin vun der VLP, der Vereenegung vun de Lëtzebuergesch Professeren iwwer d'Situatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch am Enseignement.

  • Gilbert Pregno

    De fréieren Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass fuerdert een Ëmdenken beim Encadrement vu Kanner mat enger Verhalensstéierung.

  • Romain Schumacher

    Een Dag virum éischte Match vum F91 Diddeleng an der Europa League schwätzt säi President iwwer déi europäesch Aventure an iwwer d'Qualitéit vum Lëtzebuerger Fussball.

  • Laurent Zeimet

    "E Plang fir Lëtzebuerg" - de Generalsekretär vun der CSV detailléiert de Wahlprogramm vu senger Partei.

  • Frank Schroeder

    Mam Direkter vum nationale Resistenz-Musée geet rieds iwwer Gedenken un de Puto G, e Repli national an der Wahlcampagne an Auslännerhaass zu Chemnitz.

  • Alexander Krieps (DP)

    Den Dokter, Rugby-Fan an DP-Deputéierte geet net méi mat an d'Wahlen. E Fazit vu senger Carrière als Politiker.

  • Camille Peping

    900 zukünfteg an 12.000 aktuell Enseignanten a Chargé'en ginn um IFEN aus- a weidergebilt. Eng Erausfuerderung fir den Direkter.

  • Paul Philipp

    Mam FLF-President geet virum éischte Match an der UEFA Nations League ë.a. rieds iwwer d'Chance vu Lëtzebuerg an där neier Competitioun.

  • Patrick Sanavia

    D'Gesetz iwwer den Denkmalschtuz hätt sollte virum Summer gestëmmt ginn. Dat ass awer elo net de Fall. Wéi eng Konsquenzen hat dat fir den Denkmalschutz?

  • Dr. Christopher Goepel

    Firwat lafe Jugendlecher doheem fort? Fir wéi ee Malaise ass dee Geste e Symptom? Doriwwer schwätze mer mat engem Jugendpsychiater.

  • Christine Lejeune & Dr. Andreas König

    De Serge Kesseler schwätzt mat der Presidentin vun "Anonym Glécksspiller" a mam Responsabele vun "ausgespillt" iwwert d'Thema Spillsucht.

  • Dr. Claude Schummer

    Mam Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman geet rieds iwwer d'Plaz vu sengen Haiser an der Spidolslandschaft an iwwer Zukunftspläng vum Grupp.

  • Bernard Gottlieb

    Wéi vill Antisemitismus gëtt et zu Lëtzebuerg? En Aarbechtsgrupp, deen zejoert gegrënnt gouf, huet en éischte Rapport virgeluecht.

  • Pater Alberto Ambrosio

    Zwou an eng hallef Millioune Pilger sinn zanter virgëschter an nach bis e Freideg a Saudi-Arabien fir den Hadsch, dee grousse Pèlerinage op Mekka. Den Islam-Spezialist erkläert.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen