Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Viva la Revolucion?

Revolt, Revolutioun, wat stécht dohannert? An ass esou eppes an engem demokrateschen Staat iwwerhaapt nach ze rechtfäerdegen? Muss een dat als Fortschrëtt begréissen, oder éischter als Symptom vun aneren Problemer betruechten? Revolutiounen gouf et der schonn e puer - mee handelt et sech dobäi ëmmer ëm déi beschte Léisung? Den Thomas Koenig huet sech d'Fro gestallt, op Molotow-Cocktailer ee Symbol fir soziale Fortschrëtt oder fir soziale Verfall sinn?

Rezent Emissiounen

  • Alles beliebeg

    Mir loossen eis drillen, alles "beliebeg" ze fannen, wat fréier eemol "tabu" war.

  • Maien-Glück

    "Alles neu macht der Mai."

  • Justiz

    Justiz, gëschter an haut. Oder: Justiz haut fir Onrecht vu gëscht ...

  • Dräi mol richteg

    Dem ale Plato seng Staats-Utopie ass eis banal Wierklechkeet - a mir hunn et net mol gemierkt, ausser engem onnëtze Philosoph, hei an do.

  • Gutt gemengt

    Gutt gemengt ass schlecht gemaacht - fräi nom B. Brecht

  • Roboter

    D'Roboter sinn d'Engele vu muer, an all Engel ass schrecklech, sot de Rainer Maria Rilke.

  • De divinatione

    Kann een d'Zukunft viraussoen? Oder besser: wie kann et richteg? Den Zauberer, de Schaman, den Astrolog oder de Meteorolog bzw. den éischt-beschte Roboter?

  • De Björn Höcke

    Den AFD-Mann kritt virgeworf, den Holocaust verunglimpft ze hunn.

  • Zwou Welt-Anschauungen

    Mir sinn all gutt Mënschen, zemools eis selwer géintiwwer. Fir de Rescht gesi mer da muer.

  • G. Hausemer

    Friem an dach ähnlech wéi Lëtzebuerg: d'Baskeland vereent de Schrëftsteller, den hl. Mann an en heemleche Philosoph.

  • Egoismus

    Guttheet ass e Stéck vun der Dommheet.

  • Freud

    De Freud erklärt eis, wéini a firwat mir wou laachen. Muenchmol bleift et eis am Hals stiechen.

  • Matleed

    Fir den Nietzsche ass d'Matleed den Iwwel "tout court". Soll dat stëmmen?

  • Gläichberechtegung

    Mann a Fra si gläich - gëtt gesot. Gëtt et awer net e klitzegklengen Ënnerscheed, deen et, wuertwiertlech, a sech huet?

  • Rassismus

    Rasse gëtt et keng an et soll keng ginn - heescht et. Et ass tabu, doriwwer ze schwätzen, oder bal. Hei dofir e puer Uleef ... 

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen