arrow_back_ios
Klassik aktuell
Strauß a Strauss
Zanter gëschter ass den Neijoerschconcert 2019 vun de Wiener Philharmoniker ënner der Leedung vum Christian Thielemann op CD, DVD oder Blue Ray ze kréien. Et kann een also de musikaleschen Ufank vum neie Joer nach eng Grëtz doheem verlängeren. Et kann een awer och an den Neijoerschconcert vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg goen (9.1.2019). Et gëtt e renge Strauss-Owend: Wierker vun der Strauß-Dynastie awer och d'Burleske fir Piano an Orchester vum Richard Strauss. Solist ass de Rudolf Buchbinder, Dirigent de Lawrence Foster.