Panorama
Panorama
Jongsozialisten: Georges Sold eenzege Kandidat fir haut um Kongress als neie JSL President gewielt ze ginn Gilets Jaunes: 25.000 Leit hunn haut demonstréiert, sou d'Police, zu Paräis an an anere Stied gouf et Ausernanersetzungen tëscht Demonstranten an der Police USA: Donald Trump sot hie kéint en nationalen Noutstand deklaréiere fir eng Mauer un der mexikanescher Grenz och ouni Akkord vum Kongress ze bauen Ukrain: Déi ukrainesch orthodox Kierch gëtt onofhängeg vu Russland Demokratesch Republik Kongo: Publikatioun vu provisoresche Resultater vu Presidentewalen op d'nächst Woch verluecht Däitschland: Justizministesch stellt verschäerfte Sécherheetsreegele fir Software Produzenten an Internet-Plattformen an Aussiicht no Hacker-Attack Nordmier: Honnerte Containere schwammen nach ëmmer am Mier nodeems e Schëff e Mëttwoch 270 Containere verluer hat Gebuertsdag: Grand-Duc Jean feiert seng 98 Joer