Panorama
Panorama
Wolz: De Mann, dee mam Auto an e Grupp Leit gerannt war, koum an Untersuchungshaft, säi Fils vun zwee Joer war ëm d'Liewe komm, vun den anere véier Blesséierte gouf e Meedche vun zéng Méint aus der Klinik entlooss Frankräich: Warnung vu Gilets jaunes an engem oppene Bréif un de President Emmanuel Macron USA Shutdown: Keng Léisung no éischter Sëtzung vum neie Kongress Brasilien: Verwaltunge ginn ënner neiem President Bolsonaro "gebotzt", sou de Staatsminister Lorenzoni no éischter Sëtzung vum Kabinett Holland: Debrisen u Plagen ugeschwemmt, nodeems e Schëff virgëschter 270 Containere verluer hat Däitschland: Inneminister Horst Seehofer wëllt d'Gesetzer, fir Flüchtlingen ausweisen ze kënnen, iwwerpréiwen an eventuell verschäerfe loossen Fussball: Liverpool verléiert säin éischte Match vun der Saison mat 1-2 géint Manchester City