Hanner de Kulissen

Fir datt Schauspiller op der Bühn brilléieren, ass en Zesummespill vun enger Equipe vu Spezialisten hanner der Bühn noutwendeg. Professioneller, deenen hir Aarbecht fir de Succès vun enger Theaterproduktioun op d'mannst genee esou wichteg ass, wéi déi vun engem Schauspiller, ginn hei beliicht.

Copyright: Dieter Wuschanski

RegisseurIn

Fir datt Schauspiller op der Bühn kënne brilléieren, ass en Zesummespill vun enger ganzer Equipe vu Spezialisten hanner der Bühn noutwendeg. De Regisseur ass deen, deen en Theaterstéck op der Bühn ëmsetzt. Hien ass de Chef d'orchestre, dirigéiert Prouwen an decidéiert iwwer d'Bühnebild, d'Kostümer an de Maquillage. Hei zu Land ginn et wéineg studéiert Theaterregisseuren. Déi meescht hu sech iwwer hir Ausbildung als Schauspiller un dëse Beruff erugetaascht, oder hunn hir Carrière fir d'éischt emol als Regieassistent ugefaangen. De Frank Hoffmann an d'Renelde Pierlot erzielen iwwer hir Aarbecht am Theater an hir Faszinatioun fir dëse Beruff.

Rezent Emissiounen

  • Hanner de Kulissen - TheaterschrëftstellerIn

    Inspiratioun kann ee bekanntlech net vun de Beem plécken. Wéi kënnt en Theaterauteur dann awer Dag fir Dag mat senger Aarbecht weider?

  • DramaturgIn

    D'Dramaturgie ass eng Aarbecht, bei der de Spagat tëschent Literaturwëssenschaft an Theaterkonscht gemeeschtert wëllt ginn.

  • RegieassistentIn

    Am beschte Fall ass een net nëmmen dem Regisseur seng riets Hand, mee um ganze kënschtleresche Prozess bedeelegt, seet d'Daliah Kentges.

  • RegisseurIn

    Wann een als Regisseur näischt ze soen hätt, da sollt een de Mond halen, an och näischt inzenéieren, seet de Frank Hoffmann. 

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen