Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Ausbléck an den USA fir 2019

2019 kéint fir den US-amerikanesche President Donald Trump en ongemittlecht Joer ginn. An der Vergaangenheet hu sech d'Demokrate virun allem verbal géint den amerikanesche President positionéiert, hu vum 3. Januar 2019 un awer nees d'Méiglechkeet, den Donald Trump duerch hir Majoritéit am Representanten-Haus verstäerkt politesch ënner Drock ze setzen. Donieft kéinten och déi undauernd Ermëttlunge vum Robert Mueller geféierlech fir den US-President ginn. De Maurice Antony huet mam Philippe Crowther, 100,7 Korrespondent zu Washington, en Ausbléck fir 2019 gewot.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen