arrow_back_ios
Klassik aktuell
Première fir de Christian Thielemann
Muer de Mueren, nodeems längst all d'Knupperte vu Silvester ofgeschoss hunn, gëtt et wéi zanter 79 Joer gewinnt, dat musikalescht Freedefeier fir dat neit Joer anzelauden: den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker. An do stinn net nëmme musikalesch e puer Premièren um Programm, et ass virun allem dem Christian Thielemann seng Première als Dirigent vun dësem weltwäiten Event.