Panorama
Panorama
ADEM: Aarbechstamt hätt genuch Leit, wann de Revis (revenu d'inclusion sociale) muer a Kraaft trëtt, sou d'Direktesch am 100,7 Interview Informatiounszougang: Bierger zu Lëtzebuerg sollen e besseren Accès zu Informatiounen an de Verwaltunge kréien, déi entspriechend Gesetzesännerungen triede muer a Kraaft Äermelkanal: Aktiounsplang vu Frankräich a Groussbritannie fir ze verhënneren, datt Leit probéiere mat Schëffer vu Frankräich a Groussbritannien ze kommen Philippinnen: 61 Doudeger bei Iwwerschwemmungen Bangladesch: Premier Ministesch Sheik Hassina wënnt Parlamentswahlen, Oppositioun seet, et wier gefuddelt ginn a fuerdert nei Wahlen Affär Benalla: Fréiere Sécherheetsbeoptraagte soll no Entloossung mat diplomateschem Pass gereest an och mam Emannuel Macron kommunizéiert hunn Gilets jaunes: Demonstratiounen op Silvesterowend zu Paräis an anere Stied geplangt Darts Weltmeeschterschaft: Titelverdeedeger Michael van Gerwen steet an der Finall