Panorama
Panorama
"Wéi et bis konkret ginn ass, hunn ech mir net laang brauche fléiwen ze loossen": dat sot den Chamberpresident Fernand Etgen iwwer säin neie Posten D'Wanteraktioun ass net iwwerlaascht an et ginn nach Kapassitéiten an der Struktur um Findel, dat seet de Coordinateur vun der Wanteraktioun am 100,7 Interview Eng Petitioun fir e Verbuet vun de Klappjuegte krut genuch Ënnerschrëfte fir an der Chamber debattéiert ze ginn - d'Jeeërfederatioun fënnt esou e Verbuet onrealistesch D'Police huet zu Esch 252 Reptilien bei engem Déierenhändler beschlagnahmt - si goufen net aartgerecht gehalen an et hunn Autorisatioune gefeelt D'Luxair bereet sech de Moment virun allem op de Zeenario vun engem ongereegelte Brexit vir De Bilan vum Tsunami an Indonesien ass weider geklommen China refuséiert kategoresch, déi zwee Kanadier erëm fräizeloossen, déi den 10. Dezember festgeholl goufen Entwarnung vum Waasserwirtschaftsamt: d'Peegelen an de Lëtzebuerger Gewässer sinn am Gaangen erofzegoen