Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

EU-Politik 2018: Brexit a Migratioun

De Brexit ass ee vun de grousse Sujeten, déi eis 2018 EU-politesch begleet hunn. D'Organisatioun vum Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ass komplizéiert. Och manner wéi 100 Deeg vIrum Stéchdag den 29. Mäerz ass awer ëmmer nach net gewosst, wéi dat Ganzt iwwer d'Bühn goe soll. Op d'mannst steet d'EU steet zesummen an deem Prozess, dorop ass Bréissel stolz. Am meeschte gestridde gouf iwwerdeems 2018 op en Neits iwwer d'Migratiounspolitik - och wann ëmmer manner Refugiéen an d'EU kommen. D'Danièle Weber kuckt zeréck op dat EU-politescht Joer 2018.

 

Rezent Emissiounen

  • Méi oder manner Sue fir d'EU?

    D'EU iwwert de Budget vun 2020 un. Déi eng wëlle méi ee grousse Budget, déi aner de Contraire. Kloer ass, datt wéinst dem Brexit muss gespuert ginn.

  • D'Geschicht vum Dieselgate

    Nodeems erauskoum, datt VW bei Emissiounstester bedrunn hat, huet et iwwert zwee Joer gedauert bis sech d'EU-Länner iwwer nei Reegelen eens goufen.

     

  • Glyphosat - never ending story vun 2017

    Soll den Herbizid Glyphosat verbuede ginn? Datt war eng vun den Debatten, déi 2017 d'Aktualitéit dominéiert hunn. SI ass nach net eriwwer.

  • Wat seet d'Europaparlament zu de Brexit-Verhandlungen?

    D'Europaparlament ass zefridde mat deem, wat bis elo an de Brexit-Verhandlungen festgehale gouf. Et bleiwen awer nach vill Detailer ze klären.  

  • Eng europäesch Reform vun der Eurozon

    Mat hire Pläng, fir d'Eurozon ze reforméieren, probéiert d'EU-Kommissioun deels kontradiktoresche Wënsch an den europäeschen Haaptstied gerecht ze ginn.

  • Schwaarz Lëscht vu Steierparadäiser an der EU

    Haut soll déi Schwaarz Lëscht vun der EU iwwer Steieroase publizéiert ginn. Den EU-Commissaire Pierre Moscovici, ass schonn op Distanz gaangen.

  • Europaparlament wëllt méi streng Ziler

    D'Direktive mat neien Ziler fir d'Energiepolitik, déi EU-Kommissioun proposéiert huet, ginn dem Europaparlament net wäit genuch. 

  • D'Diskussioun iwwert de Glyphosat geet virun

    Och no der Decisioun, den ëmstriddenen Herbizid Glyphosat weider zouzeloossen, ass d'Diskussioun op europäeschem Niveau nach net eriwwer.

  • Nei Regele fir Bio-Liewensmëttel

    No Jorelaangen Diskussioune leien nei EU-Regele fir Bio-Produiten um Dësch. D'Bioverbänn fäerten, datt si Nodeeler bei der Ëmsetzung hunn.

  • "No-Deal wier net gutt fir Lëtzebuerg"

    No-Deal - déi zwee Wierder falen ëmmer méi dacks, wann et ëm de Brexit geet. Lëtzebuerg huet keen Interêt dorun, seet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit.

  • EU ass nach net beim sozialen Triple A ukomm

    Um EU-Sozial-Sommet zu Göteborg gëtt eng Deklaratioun iwwert sozial Rechter ënnerschriwwen. Et gëtt Kritik iwwert déi praktesch Relevanz vum Text.

  • Europäesch Äntwert op russesch Propaganda

    D'EU muss méi géint Fake News a russesch Propaganda ënnerhuelen, fuerderen virun allem ëstlech EU-Länner. De Westen ass manner alarméiert.

     

  • 30 Prozent manner CO2

    D'Europäesch Kommissioun huet nei Ziler presentéiert, fir d'CO2-Emissiounen vun Autoen ze reduzéieren. Quote fir Elektro-Autoe ginn net virgeschriwwen.

  • Wéi eng Konsequenzen hunn d'Paradise Papers an der EU?

    No de Paradise Papers-Revelatiounen diskutéieren d'EU-Finanzministeren op en Neits iwwert weider Mesurë géint Steier-Evasioun.

  • Wéi europäesch ass de katalanesche Konflikt?

    De katalanesche Ex-President freet d'EU ëm Hëllef. Mä hie stéisst zu Bréissel net op oppen Oueren. Dat huet verschidde Grënn.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen