Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

EU-Politik 2018: Brexit a Migratioun

De Brexit ass ee vun de grousse Sujeten, déi eis 2018 EU-politesch begleet hunn. D'Organisatioun vum Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ass komplizéiert. Och manner wéi 100 Deeg vIrum Stéchdag den 29. Mäerz ass awer ëmmer nach net gewosst, wéi dat Ganzt iwwer d'Bühn goe soll. Op d'mannst steet d'EU steet zesummen an deem Prozess, dorop ass Bréissel stolz. Am meeschte gestridde gouf iwwerdeems 2018 op en Neits iwwer d'Migratiounspolitik - och wann ëmmer manner Refugiéen an d'EU kommen. D'Danièle Weber kuckt zeréck op dat EU-politescht Joer 2018.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen