Concert Euroradio
"Béatrice et Bénédicte" vum Hector Berlioz
De franséische Libretto zum "Béatrice et Bénédicte" gouf vum Komponist Hector Berlioz selwer geschriwwen an ass eigentlech vum Shakespeare senger Komedie "Much Ado About Nothing" oder "Beaucoup de bruit pour rien", inspiréiert. Dës Oper gouf uropgefouert am Theater zu Baden-Baden den 9. August 1862.
De Manuel Ribeiro proposéiert de Live-Matschnëtt vum 24. Mäerz 2017 aus der Opéra Garnier vu Paräis, opgeholl vu Radio France.
Béatrice - Stéphanie d'Oustrac / Bénédict - Paul Appleby
Héro - Sabine Devieilhe / Claudio - Florian Sempey
Somarone - Laurent Naouri / Don Pedro - François Lis
Ursule - Aude Extrémo
Choeur et Orchestre de Paris. Direktioun: Philippe Jordan