Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

De Kampf ëm Prozenter

De Verkéier ass dee gréisste Responsabele fir d'Verpeschte vun eiser Loft. Dowéinst si konkret Ziler fir Emissiounen ze reduzéieren an deem Beräich besonnesch wichteg, wann et ëm de Klimaschutz geet.

Fir d'Autoe läit zanter en Dënschdeg eng Propos fir europäesch Reegele fir Emissiounsziler vir. Si geet den Ëmweltschützer an och der Lëtzebuerger Regierung net wäit genuch. Haut verhandelen zu Bréissel d'Ëmweltministeren iwwer Ziler fir Camionen a Bussen. Hei goufe bis elo nach keng Limitte festgehalen. Och do wëllt d'Automobilindustrie bremsen. En Dossier vum Danièle Weber.

Rezent Emissiounen

  • Nei Steier fir Internet - Entreprisen

    D'Europäesch Kommissioun a presentéiert nei Regelen fir d'Besteierung vun Internet-Entreprisen. Betraff sin awer nëmme bestëmmten Aktivitéiten.

     

  • D'EU-Kommissioun wëllt d'Investitioune méi gréng maachen

    D'Objektiv ass et, 180 Milliarden Euro a Projeten ze stiechen, déi d'Ëmwelt wéineg belaaschten.

  • D'Affär Selmayr

    D'EU Kommissioun ass an Turbulenzen no der Nominatioun vum Däitsche Martin Selmayr op de Poste vum Generalsekretär vun der Kommissioun.

  • D'EU spillt mat de Muskelen

    D'EU ass prett mat Douanes-Taxen ze reagéieren op d'Annonce vun den USA, Stroftaxen op auslänneschem Stol anzeféieren.

  • Nei Regelen fir detachéiert Salariéen

    Et gouf ee provisoreschen Accord fir eng EU-Direktiv iwwert detachéiert Salariéen. Kritiséiert gëtt, datt den Transport-Secteur net drënner fält.

  • Wéivill däerf Europa kaschten?

    Um Eu-Sommet gëtt iwwert de Budget nom Brexit diskutéiert. Muss méi an d'Keess abezuelt ginn? Net jiddereen ass domat d'accord. Lëtzebuerg ass net dogéint.

  • EU-Tierkei - keng Normaliséierung vun de Relatiounen

    D'Tierkei hätt gären, datt sech d'Relatioune mam europäeschen Ausland normaliséieren. Wéi soll sech d'EU behuelen?

     

  • Europäesch Komissioun net eendeiteg

    D'Iddi vum Spëtzekandidat bei den Europawahle soll bäibehale ginn, fënnt d'Europäesch Kommissioun. Allerdéngs ass hir Positioun net ganz konsequent.

  • Nei Dateschutzregelen: Lëtzebuerg ass nach net prett

    Vum 25. Mee u gëllen nei Dateschutzregelen. Bis elo hunn nëmme zwee EU-Länner déi néideg Preparatioune gemaach.

  • Europawäit Wahllëschte fir 2019?

    D'Europaparlament diskutéiert iwwer eng trans-national Wahllëscht, déi fir d'ganz Unioun gëlle géif. D'Iddi ass zimlech ëmstridden.  

  • "Eng Evolutioun, keng Revolution"

    Wéini geréit een fréieren EU-Kommmissär an een Interessenskonflikt? De neie Code de Conduite vun der Europäescher Kommissioun trëtt a Kraaft.

  • Bauereverbänn warne vrun EU-Handelsofkommes mat Südamerika

    Europäesch Baueren schloen Alarm: En Handelsofkommes mat südamerikanesche Länner kéint dofir suergen, datt d'Baueren an der EU de Kierzeren zéien.

     

  • EU setzt weider op Biosprit

    D'Europaparlament hält weider u Biosprit fest, setzt awer Limitten. Den Asaz vu Palmenueleg fir Biosprit soll vun 2020 u verbuede ginn.

  • EU hält um Atomdeal mam Iran fest

    Den Donald Trump huet sech kloer hannert d'Demonstranten am Iran gestallt, d'EU hält sech zréck. Et gëtt um Atom Deal festgehalen, sou den Haaptmessage.

  • Grenzsträit um Balkan zitt gréisser Kreesser

    Slowenien a Kroatien si sech net eens iwwert d'Grenz am Waasser. De Sträit kéint de Bäitrëtt vu weidere Balkanlänner blockéieren.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen