Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Kee soll eppes verléieren ...

D'Steierklasse sollen ofgeschaaft ginn a kee soll dobäi eppes verléieren, versprécht d'Regierung an hirem Koalitiounsaccord. Mat der Individualiséierung géif de Steiersystem grondleeënd reforméiert ginn - dat ass ee grousse politeschen a finanziellen Enjeu, ronn eng hallef Millioun Leit si concernéiert. D'Regierung versprécht, kee sollt eppes verléieren. Dat ass awer eventuell just während enger Transitiounsphas a fir aktuell Beneficiairë vu verschiddene Steieravantagë méiglech. D'Pia Oppel huet sech doriwwer mam fréieren Direkter vun der Steierverwaltung Guy Heintz ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen