Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Polemik ëm Registre des bénéficiaires effectifs

Eent vun den éischte Gesetzer, dat déi nei Chamber stëmme soll, suergt schonn direkt fir vill Diskussiounen. Et geet zum Deel ëm den Inhalt vum Text, zum Deel awer och ëm d'Aart a Weis, wéi en elo relativ kuerzfristeg am Parlament soll zum Vott gestallt ginn. Wann alles geet wéi geplangt, da sollen d'Deputéiert en Dënschdeg (d'nächst Woch) hiren Accord dofir ginn, datt e Regëster geschafe gëtt, an deem d'"bénéficiaires effectifs" vun alle Kierperschaften opgelëscht a fir jiddwereen zougänglech gemaach ginn.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen