arrow_back_ios
Klassik aktuell
Jauchzet Frohlocket
Fir vill Leit gehéiert et zu Chrëschtdag genee esou dozou, wéi de Chrëschtbeemchen oder den Adventskranz: D'"Weihnachtsoratorium" vum Johann Sebastian Bach. An der Philharmonie steet dëst Wierk e Méindeg, de 17. Dezember um Programm. Op der Bühn stinn dann ënner anerem Le Concert Lorrain, Den Dresdner Kammerchouer an den Dirigent Andrew Parrott. De Luc Boentges huet mam Stephan Schlultz, dem Directeur Artistique vu Le Concert Lorrain iwwer dëse Concert geschwat.