Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Digitalsteier: Aus GAFA gëtt GF

Déi europäesch digital Steier soll fir méi Steiergerechtegkeet suergen. D'Europaparlament stëmmt haut iwwer seng Positioun of. Si geet vill méi wäit, wéi déi vun den EU-Memberlänner. D'Steier ass ënner hinne ferme ëmstridden, dowéinst ass den Ament just nach eng ofgespeckte Versioun am Gespréich.

Wéi eng Repercussiounen hätt esou eng Steier op Lëtzebuerger Entreprisen? A mécht se iwwerhaapt nach Sënn? D'Danièle Weber geet dëse Froen no.

 

Rezent Emissiounen

  • D'Enn vum VW-Manipulatiounsskandal?

    D’EU-Kommissioun huet dës Woch Virschléi gemaach, fir d’Iwwerwaachung vum Automobilsecteur ze verstäerken: Virschléi an der "Affär Volkswagen” rondrëm manipuléiert Ofgastester, déi Problemer kéinte mat sech bréngen.

  • Repressioun iwwerall an Ägypten, fënnef Joer no der Revolutioun

    Fënnef Joer no der ägyptescher Revolutioun ass d'Repressioun am ganze Land zréck, dausende vun Aktiviste sëtzen a Prisongen, soen ONGen zu Bréissel.

  • D'EU wëll den Austausch vu Strofregëstere verbesseren

    Am Kader vun der Terrorismusbekämpfung wëll d'EU den Austausch vu Strofregëstere verbesseren.

  • Europa Aktuell

    Zanter de Luxleaks-Revelatioune ginn et Progrèsen am Dossier “Steierflucht vun de Multinationalen”.

  • Wou ass Griicheland mat der Ëmsetzung vun de Reformen drun?

    D’Eurozone-Finanzministere maachen Drock op déi griichesch Regierung, fir dass d’Reformen a virop déi vun de Pensiounen esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn.

  • Déi polnesch Partei PiS intimidéiert d'Press

    Déi polnesch Partei PiS, grouss Gewënnerin vun de leschte Legislativwahlen, intimidéiert elo déi national Press mat engem neie Gesetz.

  • Bleift Groussbritannien an der EU ?

    De britesche Premier David Cameron huet senge Ministere gréng Luucht ginn, fir Campagne fir de “Brexit” ze maachen. Mä wéi entscheeden um Enn d'Wieler?

  • Euthanasie an der Belsch

    Dräi EU-Memberstaten hunn d'Euthanasie autoriséiert. 13 Joer nodeems d’Gesetz an der Belsch a Kraaft getrueden ass, ginn et nach ëmmer kontrovers Diskussiounen.

  • Nei Weeër géint d'Radikaliséierung vu Jonken

    Wat kann een dogéint maachen, datt Jonker a Syrie kämpfe ginn? An der Belsch ginn et elo nei Initiativen, déi op den Dialog oder op d'Laachen opbauen.

  • Suite vun de Sanktioune géint Russland?

    D'Wirtschaftssanktioune géint Russland, esou wéi se zanter Juli 2014 a Kraaft sinn, sollen nach emol ëm sechs Méint verlängert ginn.

  • Finanziellen Impakt vun de franséische Grenzkontrollen

    Déi franséisch Grenzkontrolle kaschten all Dag Milliounen Euro, déi europäesch Institutiounen hu bis ewell awer nach net reagéiert.

  • Accord am EU-Parlament iwwert de “Passenger Name Record”

    Mat engem Accord dee leschte Freideg am EU-Parlament däerften déi lescht Divergenzen am Kontext vum “Passenger Name Record” aus dem Wee geraumt sinn.

  • Explosiv Situatioun an de Flüchtlingscampen zu Calais

    Op de Plagen zu Calais verschlechtert d'Situatioun vun de ronn 4.500 Migranten sech dramatesch. De Wanter steet an d'Haus, an déi restriktiv Moossnahmen, déi déi franséisch a britesch Regierungen envisagéiere suerge fir zousätzlechen Drock.

  • Relancement vun de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei

    Enn November hu sech Tierken an Europäer eng éischte Kéier zanter 11 Joer op héchstem Niveau fir ee bilaterale Sommet vun de Staats- a Regierungschefe getraff.

  • Europa Aktuell

    D'Reunioun e Sonndeg zu Bréissel vun den 28 europäesche Staatschefen mat der Tierkei ass ee groussen Defi fir d'Police, déi sech iwwer ze mann Effektiver beklot.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen