Klassik aktuell
Christmas Carols
De Begrëff Carol kënnt aus dem ale Franséische "Carole", deen en Danz beschreift. Haut versteet een dorënner ee festlecht Lidd, dat awer nach ëmmer ee liichten, dänzeresche Charakter huet. Ganz populär si virun allem d'Christmas Carols an der Royal Albert Hall zu London - richteg musikalesch Volleksfester. De Public ass ëmmer Deel vum Programm, bei deem mat groussem Orchester, Uergel a Chouer opgetrompt gëtt. Eng ähnlech Atmosphär bréngt de Vokalensemble Les Amis du Chant mat senge "Christmas Carols" reegelméisseg an de Stater Conservatoire.