Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Prioritéite fir déi nächst Joren

Wat halen d'Parteien an der Chamber vum Regierungsprogramm fir d'Jore bis 2023? Doriwwer gëtt haut um Krautmaart debattéiert, nodeem de Xavier Bettel gëschter seng Deklaratioun mat engem Iwwerbléck vun de Prioritéite fir déi nächst Jore presentéiert huet. Vill Neies huet de Premier dobäi net verroden.

D'Fro vun der Finanzéierung vun de Mesuren aus dem Koalitiounsaccord gouf och gëschter net beäntwert. Dem Regierungschef Xavier Bettel no, wier den néidege Spillraum awer do.

De Serge Kesseler huet sech d'Regierungsdeklaratioun ugelauschtert.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen