Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Verhältnis vun de Geschlechter

No engem deplacéierte Kommentar vun enger lëtzebuergescher Gewerkschaft un engem onverbrauchte weibleche Gesiicht an der neier Regierung gëtt sech iwwerluecht, wat et dann heescht am 21 Joerhonnert tëschent de Geschlechter ze kommunizéieren. Wat fir Virstellungen a Viruerteeler bestëmmen eise Mateneen an enger moderner individueller Gesellschaft? Wat heescht et iwwerhaapt haut Fra a Mann ze sinn. A wann et ëm Mann a Fra geet, dierf och no Bezéiung a Sexualitéit gefrot ginn. Dierf hautzedaags z. B. iwwerhaapt nach geflirt ginn, a wann jo, ënner wéi enge Viraussetzungen? Gëtt d'Kommunikatioun tëschent de Geschlechter kulturell, individuell, onbewosst oder konstruéiert bestëmmt. Iwwerleeunge vum Gilles Retter.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen