Panorama
Panorama
De Brexit-Vott am britesche Parlament, dee fir gëschter geplangt war, gëtt verluecht - dat huet d'Premierministesch Theresa May de Mëtteg annoncéiert De Moien hat den Europäeschen Geriichtshaff zu Lëtzebuerg geuerteelt, datt Groussbritannien den ugekënnegten Austrëtt aus der europäescher Unioun eesäiteg an ouni Zoustëmmung vun den aneren EU-Länner nach stoppe kann Den Transportminister reagéiert op d'Kritik vun der Sécurité routière - hie géif d'Aschätzunge vum Koalitiounsaccord net deelen Den Dikrecher Gemengerot huet fir Sondéierungsgespréicher en Vue vun enger Nordstad-Fusioun gestëmmt Den UNO-Migratiounspakt ass de Moien bei enger internationaler Konferenz zu Marrakesch ugeholl ginn No der Regierungskris an der Belsch fuerderen d'Ex-Koalitiounspartner N-VA e Vertrauensvott fir déi nei Minoritéitsregierung Gilets jaunes: de President Emmanuel Macron soll den Owend reagéieren De kongolesesche Gynekolog Denis Mukwege an déi irakesch Mënscherechtsaktivistin Yazidie Nadia Murad kruten haut zu Oslo de Friddensnobelpräis iwwerreecht De Jeff Saibene gouf als Trainer vun Arminia Bielefeld entlooss - nom zéngte Match ouni Victoire