arrow_back_ios
Klassik aktuell
Mat Musek, Kanner hëllefen
All Kand huet Recht op ee würdegt Liewen, huet Recht op Bildung an eng richteg Kandheet. A ville Länner op der Welt gëtt dëst Recht allerdéngs net applizéiert. D'UNICEF, d'Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen, probéiert déi Lacunne mat spezielle Programmen an Aktivitéiten opzefänken. Dozou gehéieren och en etlech Benefizveranstaltungen, wéi de Concert an der Serie Fräiraim an der Philharmonie, deen d'Braatschistin Esra Kerber organiséiert.