Klassik aktuell
De Sydney Symphony mam Renaud Capuçon an der Philharmonie
Den Erich Wolfgang Korngold huet éischter duerch Zoufall seng klassesch Carrière ënnerbrach fir sech als Hollywood Komponist an der Filmbranche iwwer Waasser ze halen. An deene Joren huet hien definitiv d'Welt vun der Filmvertounung gepräägt. Nom Krich entsteet säi Geieconcerto mat deem hien nees probéiert an der Klassik Fouss ze faassen.
Den Owend (7.12.2018) ass dee bekannte Geiist Renaud Capuçon an der Philharmonie ze héiere mat um Programm dem Korngold sengem Geieconcerto. Hie begleet de Sydney Symphony Orchestra, deen am zweeten Deel dem Prokofiev seng gewalteg 5. Sinfonie proposéiert.
De Manuel Ribeiro stellt déi zwee Wierker vir.