Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

LSAP-Kongress zu Stroossen

LSAP-Gremie fir Regierungsbedeelegung

D'LSAP soll an d'Regierung goen: dat gouf gëschter am Centre Barblé zu Stroossen decidéiert. D'Parteigremien hu mat däitleche Majoritéite fir de Regierungsprogramm gestëmmt a fir déi sechs Leit, déi de Mëtteg am Palais als LSAP-Ministere vereedegt wäerte ginn. Dorënner sinn déi béid Fraen Taina Bofferding a Paulette Lenert, déi allebéid nei an d'Regierung kommen.

Um laangen LSAP-Kongress zu Stroossen goufen et 20 Wuertmeldungen: kritesch Téin koume wéi erwaart vun de Vertrieder vun de Jongsozialisten. De Serge Kesseler mam Resumé vun den Aussoe gëschter bei der LSAP.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen