Kannerbicher fir Niklosdag

Et muss net ëmmer elektronescht Spillgezei sinn, de Kleeschen kann och emol e Buch bréngen. De radio 100,7 stellt bis de 6. Dezember nei, flott, edukativ a spannend Kannerbicher vir, déi ee sech bestëmmt och beim Kleesche ka wënschen.

Kremart Editions S.à.r.l.

Elmer, de Patchwork-Elefant

Diversitéit a Respekt stinn am Mëttelpunkt vun de Geschichten ronderëm den Elefant Elmer. "Ech wollt iwwer d'Thema Immigratioun schreiwen", sot de Papp vum klengen Elefant, den David McKee. "Et gefält mir einfach net, wann ech gesinn, wéi Immigranten iwwerall verstouss ginn. Et gëtt ëmmer gesot, an England an a Frankräich ass net genuch Plaz fir si do. Mee amplaz Nee ze soen, sollte mir eis froen, firwat Immigranten iwwerhaapt hei sinn!"

Dëst Joer bei KremArt erauskomm. Presentéiert vum Claude Faber.

Rezent Emissiounen

  • "De Schmunzel": e Stee mat Gefiller

    Eng "kosmesch" Geschicht vum Jhemp Hoscheit, an där d'Déieren aus dem Bësch, Wëssenschaftler an e Steen am Mëttelpunkt stinn.

  • Elmer, de Patchwork-Elefant

    E rassistesche Virfall an der Strooss, deen den David McKee mat senger klenger Duechter gesinn huet, war dem briteschen Kannerbuchauteur seng éischt Inspiratioun.

  • Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht

    E Billerbuch fir déi klengst ënner eise Kanner vun dräi Joer un

  • Wooow Lëtzebuerg

    D'Buch vum Thomas Schoos a Keong A-Song huet d'lescht Woch de Lëtzebuerger Buchpräis 2018 an der Kategorie Kanner- a Jugendbuch gewonnen hunn.

  • So mol, Lobo!

    Kommunikatioun - en aktuellt Thema an all hire Formen. Fir Kanner net ëmmer einfach ... En neit Kannerbuch vun der Christiane Kremer an dem Vincent Biwer.

  • Bim & Anna

    An der éischter publizéierter, illustréierter Geschicht vun der Olga Reiff geet et ëm kleng sinn a sech scho ganz grouss fillen. 

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen