Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Mobilitéitspak: Nei Reegele fir Camions- a Buschauffeuren an der EU

An der Europäescher Unioun gëtt et ronn dräi Millioune Camionschauffeuren. D'Konkurrenz ënner den Entreprisen ass haart - an d'Aarbechtskonditioune sinn et dacks och.

Iwwer den europäesche Kader vun deene Konditiounen gëtt zanter Méint zu Bréissel verhandelt. D'Positioune leien zimlech wäit auserneen - tëschent de politesche Parteien awer och tëschent den EU-Länner. Déi eng schwätze vu Sozialdumping, déi aner vu Protektionismus ...

Dat war och gëschter nees däitlech - wéi d'EU Transportministeren an der belscher Haaptstad beienee souzen. Si goufe vun den Transportgewerkschaften erwaart, déi net mat Kritik un de Reformpläng gespuert hunn. En Dossier vum Danièle Weber.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen