arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Première
Wann ee mat Museker vum Philharmoneschen Orchester schwätzt, da kënnt ee reegelméisseg op Thema Kammermusek, wat fir eng ganz Partie vun hinnen eng wichteg Ofwiesslung par Rapport zur grousser Orchesterliteratur ass. Kammermusek fuerdert deen eenzele Museker ganz besonnesch - een Challenge, deem sech och elo dräi Musekerinne vum OPL stellen: d'Geiistin Andrea Garnier, d'Braatschistin Esra Kerber an d'Cellistin Sehee Kim. E Sonndeg huet deen neie Sträichtrio säin éischten offiziellen Optrëtt.