Klassik aktuell
"Sie wollte mit ihrem Mann zusammen eine Künstlereinheit sein"
Schonn zanter den 80er Jore beschäftegt sech Janina Klassen mat der Clara Schumann. Am Ufank waren et d'Kompositiounen, déi d'Musekswëssenschaftlerin am meeschten interesséiert hunn. Spéider sinn déi biographesch Aspekter dobäi komm, déi d'Janina Klassen an der Biographie "Clara Schumann: Musik und Öffentlichkeit" publizéiert huet. Fir d'Beschäftegung mat der Virtuosin a Komponistin kritt d'Janina Klassen de Robert-Schumann-Präis 2019 vun der Stad Zwickau. Dëse Präis deelt sech d'Musekswëssenschaftlerin mat der Pianistin Ragna Schirmer.
De Luc Boentges huet mat der Janina Klassen iwwer hir Recherchen, d'Roll vun de Fraen an der Museksgeschicht an d'Clara Schumann geschwat.