Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Aktuelles

Déi nei Regierung - déi zweet DP-LSAP-Déi Gréng Regierung - soll d'nächst Woch vum Grand-Duc vereedegt ginn. D'Verhandlungen tëschent den dräi Parteie fir e Koalitiounsaccord goufe schonn dëse Mëttwoch ofgeschloss, liicht éischter wéi geplangt.

Éischt Mesuren doraus goufen en Donneschden op enger Pressekonferenz presentéiert, vum Formateur Xavier Bettel a vun den dräi Verhandlungscheffe Corinne Cahen, Etienne Schneider a Félix Braz.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen