Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Félix Braz, Etienne Schneider, Corinne Cahen a Xavier Bettel virun der Pressekonferenz

Koalitiounsaccord 2018-2023: éischt Mesuren

DP, LSAP an déi gréng hunn hire Koalitiounsaccord dës Woch fäerdeg verhandelt. D'Haaptmesuren, déi fir d'Joren 2018 bis 2023 geplangt sinn, goufe gëschter Mëtteg presentéiert, vum Regierungsformateur a vun de Responsabele vun den dräi Verhandlungsdelegatiounen. Eng schrëftlech Versioun vum Koalitiounsaccord soll eréischt e Méindeg publizéiert ginn.

Virgestallt goufe gëschter eng Partie Eenzelmesuren aus deene verschiddenste Politikberäicher. Vill Detailer dozou feelen nach.

De Serge Kesseler mat engem Iwwerbléck vu Moossnamen, déi an den nächste fënnef Joer solle kommen.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen