Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

EU soll bis 2050 klimaneutral sinn

Den nächste Méindeg fänkt zu Kattowitz a Polen déi nächst Weltklimakonferenz un. Do gëtt virun doriwwer beroden, wéi ka verhënnert ginn, datt d'Temperaturen op der Äerd weider eropginn. Zu Paräis ware sech d'Länner virun dräi Joer iwwer Ziler eens ginn.

Si missten hir Efforten op d'mannst verdräifachen, wa se deen Engagement anhale wëllen, seet den Rapport vun der UNO, deen dës Woch publizéiert gouf.

D'EU sollt bis 2050 klimaneutral ginn, dat heescht, datt bis dohin ënner dem Stréch keng klimaschéidlech Emissioune méi an d'Loft geblose ginn, sot gëschter déi Europäesch Kommissioun. Och dat geet awer nach net duer, soe Kritiker. En Dossier vum Danièle Weber.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen