arrow_back_ios
Klassik aktuell
Gloria
2011 hu sech d'Cojellico's Jangen zesummegedoen, fir mat Arrangementer vun de Comedian Harmonists Musek aus den 20er an 30er Joren op d'Bühn ze bréngen. Aus dësem initiale Projet ass d'Konzept entstanen, Lëtzebuergesch Lidder an deem Stil ze arrangéieren an opzeféieren. Mëtt November koum elo déi drëtt CD vun de Cojellico's Jangen eraus - passend zu der kaler Saison - mat Chrëschtlidder. De Luc Boentges huet mam Jang Georges Urwald iwwer déi nei Produktioun geschwat.