Klassik aktuell
En OPL-Museker an der Halleffinall
De Jorma Panula ass deen Numm, wann et ëm d'Ausbildung vun Orchesterdirigente geet. Meeschter wéi den Esa-Pekka Salonen oder Jukka-Pekka Saraste sinn duerch d'Schoul vum finneschen Dirigent a Pädagog gaangen. Zanter 1999 gëtt et de Jorma-Panula-Concours, deen am Dräi-Jores-Rhythmus organiséiert gëtt. Bei der Editioun 2018, déi am Ablack am finnesche Vaasa leeft, ass och de Benjamin Schäfer derbäi, Perkussionist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. De Benjamin Schäfer huet de Mueren an der Halleffinall vum Concours dirigéiert. De Luc Boentges huet mam Museker iwwer seng éischt Andréck geschwat.