Klassik aktuell
Nuit Debussy
E Mëttwoch (14.11.2018) steet am Stater Conservatoire eng "Nuit Debussy" um Programm. Enseignanten an ee Gittaren-Ensembel ënner der Direktioun vum Hany Heshmat proposéieren e globaalt Bild vum impressionistesche Komponist, mat Wierker aus alle Liewensofschnëtter.
De Luc Boentges huet sech mam Chef de section d'instruments à claviers, Gary Muller, un de Piano am grousse Studio vum radio 100,7 gesat, fir erauszefannen, wat dem Claude Debussy seng Musek esou besonnesch mécht.
Lauschtert dee ganzen Interview mam Gary Muller hei:
Lauschteren
D'Kuerzfaassung vum Interview fannt Dir hei: