Grousse Kino

Martine Reuter Michel Delage Tom Dockal

Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéiere freides déi nei Filmer. Aviséiert Kritiken, cocasse Zesummenhäng an och déi eng oder aner Anekdot: alles ass dran.

E russescht U-Boot, d'Landung an der Normandie 44 a Western-Musek

Sechs nei Filmer am Iwwerbléck, dräi nei Filmer intensiv ënner d'Lupp geholl, vill Musek vum italienesche Komponist Ennio Morricone, deen den 10. November säin 90. Gebuertsdag feiert an e kuerze Bléck op dem d'lescht Woch verstuerwene Francis Lai seng Carrière, an där ee vun den Highlighte den Oscar fir d'Musek "Love Story" war.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen