arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng norwegesch Geiistin zu Lëtzebuerg
Vun iwwermuer Sonndeg (11.11.2018) un ass de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg mat sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno a Spuenien ënnerwee fir eng Tournée. Optakt vun dëser Serie vu Concerte waren Optrëtter zu Frankfurt an hei zu Lëtzebuerg. Als Solistin ass déi norwegesch Geiistin Vilde Frang mat derbäi. De Manuel Ribeiro huet si an der Philharmonie no enger Prouf getraff.