arrow_back_ios
Post vum Guy
Balinesesch Postkaarten
Zu Kaliakah kuckt sech de Guy Helminger e Büffelrennen un, eng bluddeg Saach. Traditioun heescht et an déi verännert een net. Dobäi ass se scho laang anescht wéi fréier. Mee mat den Déieren ass et op Bali net anescht, wéi bei eis. Wann s de en Hong bass, leefs de net laang fräi ronderëm. Net wéi eisen Auteur, deen nieft de Räisfelder esou guer filmräif Gefiller entdeckt.