Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Si mir, wat mir iessen?

De Mënsch brauch Liewensmëttel, fir ze liewen. Mee et ass net egal, wat mir iessen. Et ass och net egal, wei mir et iessen. An et ass scho guer net egal, wou eis Nahrung hierkënnt, oder wéi se entsteet. Si mir wat mir iessen? Den Thomas Koenig huet sech e puer Gedanken zu dëser Fro gemaach, an zwar net nëmmen doriwwer, wei d'Liewensmëttel de Mënsch physesch bestëmmen, mee och, wéi dem Mënsch seng Bezéiung zur Ëmwelt a méi besonnesch zu den Déieren ausgesäit.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen