arrow_back_ios
Post vum Guy
Balinesesch Postkaarten - De Schrëftsteller Guy Helminger um Tour
De Guy Helminger ass an Indonesien (Bali) op engem Poesie- a Museksfestival, mee wéi ëmmer leeft hien no de Liesungen duerch d'Géigend, verwéckelt d'Leit an e Gespréich, freet no, versicht, di friem Kultur ze verstoen. Dat ass op Bali net ëmmer einfach, well et immens vill helleg Figuren an nach méi Ritualer an Zeremonien gëtt. Esouguer d'Haiser sinn no engem bestëmmten reliéise Prinzip gebaut. Alles dréint sech em d'Harmonie, eng philosophesch Formel vun där e gehetzten Auteur wäit ewech ass.