arrow_back_ios
Post vum Guy
Balinesesch Postkaarten - Vum Kierfecht, duerch d'Stad bis bei d'Afen
Déi zweet Postkaart vum Guy Helminger kënnt aus engem Duerf, wou alles anescht ass, wéi um Rescht vun der Insel, well d'Aga, déi hei liewen, déi éischt sollen op Bali gewiescht sinn nach virum Hinduismus. Si verbrennen oder begruewen hir Doudeg net, mee féiere si mam Boot op eng Plaz, wou si se hileeën. Zu Ubud hat de Guy bei der Erëffnung vum Festival "Gong laut" seng éischt Liesung, zesumme mat engem hellege Mann, dem Samar Gantang. An am Afebësch war hien och nach an huet sech eng kleng Schluecht geliwwert.